News

Den Ouschterhues beim TC Mersch

Opgepasst! Mir hunn héieren, dass e Sonndeg den Ouschterhues bei eis op der Tennisanlag passéiert. Dofir invitéiere mir d'Kanner um 16h00 mat hiren Eltere fir op Eeërsich ze goën. Wann s du den Tennisball "Winner" fënns, da kann déng ganz Famill (déi doheem bei dir wunnt) 2x gratis (jeweils 1 Stonn) bei engem vun eisen Trainere RolandGarosFeeling schnupperen. Mir wënschen iech all vill Gléck bei der spannender Sich hannert der Mierscher Sportshal !

Den Ouschterhues beim TC Mersch
User ImageKarel Achten, 02. April 2021