News

Eis Seniors 2 hunn et gepackt

D'Aventure Interclub 2023 ass haut fir d'Seniors 2 op en Enn gaang. Vu 6 Equippe sinn si déi 5.ginn. Dat kléngt net spektakulär, mee dofir dass et fir all eenzel Spiller séng aller éischt Interclub Saison war, hunn si d'Faarwe vum Mierscher Draach bravouréis uerchter d'Land gedroen a gewisen, dass zu Miersch nees eppes um Tennis Terrain passéiert. Bravo Lenn, Mathis, Claude, Gilles, Amit, Geoffrey, Grégory, Jan, "Jan2", Romain a Karel. 

Eis Seniors 2 hunn et gepackt

Fir 2024 si mir zouversichtlech, dass mir mat Hëllef vum Alain, Chris an Thierry méi Erfarung an de Groupe kréie wäerten, an eventuell souguer eng Seniors 3 kënnen an d'Renne schécken. 

Hei d'Klassement vun der FLT.

User ImageKarel Achten, 02. Juli 2023