News

Ü35 Dammen - Interclub 2023

BRAVO dir Dammen! Nodeems eis Ü35 Hären sech e Samsdeg scho mat 5:3 géint Betebuerg duerchgesat hunn, wollten eis Dammen sech sonndes net verstoppen, an hu mat enger geschlossener Equipeleeschtung hir éischt Victoire konnte feieren.

Mat 6:2 gewannen si de Spilldag géint den TC RUED-SIR an hu mat flotte Ballwiessel deene villen Zuschauer konnten eng Freed man. Et hätt souguer evtl. kéinten 8:0 ausgoen, mee well mir hei zu Miersch leider keng Tennishal hunn, hu mir beim Stand vu 7:5 2:1 wéinst dem Reen missen "opginn" an dee leschte Match Forfait erklären.

Deemno en Appel un eis Gemenge Mammen/Päpp, fir den neie Sportkomplex onbedéngt mat enger Tennishal ze plangen, well den TCM huet mëttlerweil 240 Memberen, dovunner 108 Kanner a Jugendlecher.

User ImageKarel Achten, 09. Mai 2023