News

Ü35 Hären - Interclub 2023

BRAVO Männer! Nodeems eis Ü35 Hären schon 0:8 zu Housen gewonn haten, stoung den Derby géint Luerentzweiler un.

No liichte Startschwieregkeeten hunn si sech souverän mat 1:7 niewt dem neie Contournement duerchgesat. Kommt alleguer e Méindeg, den 1.Mee ab 14h00 an d'Wisestrooss kucke wéi si sech géint Houwald 3 schloen.

Haut um Sonndeg, den 30.Abrëll ass et awer schonn un eisen Dammen. Si spillen och ab 14h00 géint de sympateschen Noper vu Biissen.

D'Clubhouse mat eisem neie Comptoir ass op! SIMON Béier vum Faass !

UPDATE 1.Mee 2023 - och géint den Howald sollten eis Männer sech haut behaapten. 8 : 0 , BRAVO dir 5!

 

User ImageKarel Achten, 29. April 2023