News

En historesche Moment

E grousse BRAVO un eis Dammen! Si hu sensationell knapps géint de Favorit vu Sandweiler verluer.



No méi wéi engem Jorzéngt ass den Tennis Club Miersch nees am Interclub ënnerwee. Eis Dammen hate sech mat 1 Spillerinn vum TC Bieles verstäerkt an hunn den Damme vu Sandweiler d'Stir gebueden. Um Enn ass et no 6 spannende Matcher (4 Eenzel - 2 Duebel) 3 zu 5 (Double zielt 2 Punkten) fir d'Heemequipe vu Sandweiler ausgaang. Den TC Miersch gratuléiert dem sympatesche Géigner fir hir Victoire.

Kommt eis Dammen den 30.04.23 géint den TC Bissen ënnerstëtzen a gönnt iech en Drink un eisem ultra moderne MOMA-SIMON-TCM-Comptoir. Um 14h00 geet et lass, mir freeën eis op all Besuch.

User ImageKarel Achten, 16. April 2023