Startseite
Coupe FLT Seniors Dames
E flotte Sonndeg Nomëtteg haten eis 5 Damme géint den TC Remeleng-Kayldall. Och wann d'Resultat et net ausseet, haten d'Jacquie, d'Chloé, d'Tanja, d'Leslie & d'Britta spannend Ballwiessel géint e sympatesche Géigner. Gratulatioun!

AG 2023
En Donneschdeg, den 23.11.23 war d'Assemblé Générale vum Tennis Club Miersch. An engem gutt gefëllte Clubhouse war kee Stull méi fräi. D'Sponsoren, d'Geméngevertrieder an d'Membere krute vum Comité en Abléck an dat, wat déi lescht 12 Méint am Veräin alles gemaach gouff. En interessante Virtrag vum neien Directeur Sportif huet jidderengem op der AG gewisen, wat déi laangfristeg Ziler vum TCM wäerte sinn. Zum Ofschloss gouff et eppes ze drénken an z'iessen. Déi nächst AG ass viraussichtlech den 28.11.24.

TCM-Dragons Winter-Cup 2023 - Nov.19
U6 & U8 - Bravo Len, Leo, Rayan, Ben, Collin, Lena, Bobby & Annie. Merci Dennis!
U10 - 1.Luis, 2.Lina, 3.Zoé, 4.Félix
U12 & U14 - 1.Antonio, 2.Lenn, 3.Emily, 4.Alexandru
Déi 28 Kanner haten de ganze Mëtteg iwwer vill Freed um Tennis. Merci och allen Eltere fir hir Hëllef an hire Besuch.
