TOMCAR ARENA

Januar 2024 - Eis Arena (Traglufthalle / Ballon) kritt offiziell hiren Numm. 

“ TOMCAR-ARENA ”

Tomcar mat sengem Patron & Spiller (Schmitz Tom) aus der éischter Hären-Equipe war vun Ufank un u Bord bei der nei Gestaltung a Grënnung vum Veräin. Hien huet un de Projet zu Miersch gegleeft a mir konnten zu all Moment op hien zielen. Duerch e staarke Sponsoring konnten a kënne mir intensiv an ons Jugend beim Opbau investéieren. Den Tom, säit der Jugend faszinéiert vum Tennis, lieft dëse Sport mat Leif a Séil an ass sech ni ze schued, wann mir hie brauchen oder Nout um Mann ass fir eng Hand mat unzepaken. Mir freeën eis op vill weider Joeren Tomcar un eiser Säit ze hunn.  

TCM ARENA 2023-2024.pdf


IBAN LU21 0019 6055 7339 5000 BCEE


www.tcmersch.lu

info@tcmersch.lu