Startseite

U12 Boys - Nationale 2

U12 Boys - Nationale 2

De Luis an den Antonio hu bis elo eng exceptionnell Interclub-Saison gespillt. Si hu bis lo just 1 Match verluer a sti momentan verdéngt op der 2.Plaz vun der Nationale 2 (vu 5) . Wann een hinnen nokuckt, da gesäit een, dass si immens gär Tennis spillen, an ni opginn. Den Antonio pusht reegelméisseg d'Zuschauer, applaudéiert dem Géigner och oft, an de Luis huet souguer schonn e Matchball ofgewiert an duerno de Matchtiebreak mat 12:10 fir sech entscheed. Mir si frou, dass si den TC Miersch dobaussen op den Terraine vum Land representéieren, a soen hinnen, hiren Elteren an hiren Traineren einfach MERCI!

User ImageKarel Achten, 08. Mai 2024 Mehr dazu
U12 Girls - Nationale 3 - Poule Champion

U12 Girls - Nationale 3 - Poule Champion

D'Zoé an d'Lina hu bis elo eng exceptionnell Interclub-Saison gespillt. Si hu bis lo just 1 Match verluer a sti momentan verdéngt op der 2.Plaz vun der Poule Champion. Si sinn e richtegt Team, hu Spaass um an niewt dem Terrain a ginn hiert bescht. Wann si am Double den 1.Saz gewannen, da spillen se den 2.Saz meeschtens net méi sou gutt. Dat weess de Géigner awer net :-) Mir si frou, dass si den TC Miersch dobaussen op den Terraine vum Land representéieren, a soen hinnen, hiren Elteren an hiren Traineren einfach MERCI!

User ImageKarel Achten, 08. Mai 2024 Mehr dazu
Dem Leo seng éischt Victoire !

Dem Leo seng éischt Victoire !

De 4.Mee hunn eis U14 Jonge mat 8:0 géint Jonglënster 2 gewonn. Bravo!

D'Performance vum Dag kënnt awer definitiv vum Leo Kohl, deen am Schloreen wärend 2h20' géint säi faire Géigner Jonas H. mat 7:6, 3:6, 10:8 gewonn huet. Mir gratuléieren dem Leo fir säin 1.WIN ! Lo ass de Knuet geplatzt. E grousse Merci geet u jiddereen, deen haut gehollef huet, dass de Spilldag, trotz schlechtem Wieder, iwwert d'Bün gaang ass. Bravo och un de Lenn, de Luis an den Antonio. Dir sidd um richtege Wee.

User ImageKarel Achten, 04. Mai 2024
  • unbenannt
  • unbenannt
  • unbenannt
  • unbenannt
  • unbenannt
  • unbenannt
  • unbenannt
  • Abby Toussaint
  • unbenannt
  • unbenannt
  • Kass Haff
  • unbenannt
  • unbenannt
  • unbenannt